
"zesummen spillen an flott Momenter erliewen"
D'asbl ass gegrënnt ginn fir punktuell an gezielt Aktivitéiten ronderëm „Spillen“ unzebidden. Eng aktiv Bedeelegung provozéiert eng gutt Ambiance an dréit zur gudder Liewensqualitéit an der Gesellschaft bei. An enger ëmmer méi schnell liewender an digitaliséierter Welt, well „Maach keen Zirkus“ punktuell Aktivitéiten fir e bestëmmten Zilpublikum proposéieren. (ouni wëllen Welt ze retten:-)
Dëse Veräin mat Setz zu Heischent organiséiert Aktiounen déi virun allem am Norden vum Land programméiert ginn. Sou kenne mer vun den Infrastrukturen an der wonnerbarer Natur an eiser nördlecher Regioun profitéieren se (nei)kenneléieren an genéissen.
Haaptzil
Promotioun vum Spill an vum spillen Allgemeng fir all Alter
Spezifesch Zieler
Pedagogik déi spilleresch an net kompetitive ass
Festlech Stëmmeung an gutt Ambiance erméiglechen
Sozial kulturell Aktivitéit förderen
Zesummen schaffen mat verschidden Institutiounen aus der Regioun (Cooperation Wiltz, SNJ, Naturpark Uewersauer, Gemengen, Veraïner)
Aktivitéit mat héicher Qualitéit ubidden
Gesondheet
Zielpublikum
Kanner, Jugendlecher, behënnert Mënschen, Erwuessener, Aliens, al Mënschen, Famill auslännesch Matbierger an enger Wuert Jiddereen.
E puer Iwwerleeungen zum„Spillen“
Gewann an verléier, amuséier dech, ouni Reegelen geet et net, Iwwerwannung an Kontroll vun Schwieregkeeten, Gewënn a Verloschter deelen, Grenzen fannen an iwwerwannen, motivéieren, kucken an gekuckt ginn, géigesäiteg hëllefen, streiden an sech verdroen, eppes zesummen erliewen.