De Jongléier Klub

De Jongléier Klub

Loscht ze gongléeren? Mier treffen eis 1mol d'Woch fier 90 Minutten an der Sportshal zu Eschduerf fier zesummen ze jongléeren. Dëst ass en Treffen vun Glïchgesënnten, déi einfach 

Loscht hunn ze jongléeren. Am Grupp mecht et méi Spass wéi eleng! Ob's de eppes kanns oder net, spillt keng Roll.

Wat kann éen do maachen?
Jongléeren mat Bäll, Dicher, Keelen, Diabolo, Flower Stick oder Poi-Swing

Ech huen kéen Material
Maach kéen Zirkus stellt Jongléer Material zur Verfügung. Natierlech kanns du och dain Geschir matbréengen. 

Wien daerf matmaachen?
Kanner ënner 12 Joer a Begléedung vun engem Erwuessenen, Jugendlecher, Erwuessener, Retiloiden, Politiker, Divaen...jidderéen déen Bock huet!

Wéini a wéi laang ass daat?
Mettwoch vun 19:00-20:30. Am Fong kanns du während der Zaït kommen a goen wann's de wëlls. Mir starten Ufanks Oktober an testen daat mol bis Februar.

Wou?
Sportshal zu Eschduerf (Schoulstrooss, 9157 Eschduerf)

Wat kaascht dat?
Naïscht

 

Newsletter